Beschtens ugepasst!!! Wéi eng Funktioun huet …?
Kierpermierkmoler vu Liewewiesen ginn duerch d’natierlech Selektioun beaflosst, sou datt sech verännert, besser ugepasste Mierkmoler no a no duerchsetze kënnen. Dëse Phänomen nennen d’Evolutiounsbiologen Adaptatioun oder Upassung.
Upassunge kënn ganz ënnerschidlech sinn. Esou kann et e Verhale sinn, dat engem Déier hëlleft sengem Friessfeind besser ze entgoen; eng Protein, déi bei normaler Kierpertemperatur besser funktionéiert oder eng Verännerung am Kierperbau, déi hëlleft, nei Nahrungsressorcen besser ze notzen.
Esou Upassungen kënnen heiansdo immens spektakulär sinn.
Am Kader vun der aktueller Ausstellung „Evolution up-to-date“ präsentéieren den ’natur musée’ an RTL elo all zwou Wochen op hire jeeweilegen Internetsiten esou eng Upassung, sief et aus dem Déieren- oder Planzeräich.
Maacht mat beim Concours op RTL a probéiert erauszefannen, firwat dës Upassung gutt ass a wéi eng Funktioun si huet.
D’Léisung gëtt et dann bei RTL op der Antenn.
Beschtens ugepasst!!!! Mä u wat a firwat?
D’Héichblieder vun der Poinsettie (oder passend zur Joreszäit: Adventsstär, Chrëschtstär) si rout, net greng. Firwat?
Gidd Är Äntwert hei an.